Eng Iddi, ee Wonsch, een Draam!
Zesummen d’Magie ze entdecken déi d’Welt eis bereed hält, d’Magie vum Universum, d’Magie an eis selwer.
Zesumme mat Iech de Wee goen eis nei ze fannen, eis Wënsch, eist Potential, eis Aufgab ze erkennen, eis eege Kräften ze entfaalen.
Mat Iech zesumme wëlle mir nees léieren eis eegen Individualitéit ze entdecken, unzehuelen an ze respektéieren..
An enger Zäit wou d’Mënschen entmündecht gin, as et emsou méi wichtech sech sénges Ursprongs bewosst ze gin, séng Wuerzelen ze erkennen, Denkmuster ze entlarven an sech op d’Entdeckungsrees zu sech selwer ze maachen.
A jidderengem vun Iech läit ee grousst Potential vu Kräften Iech selwer mental wéi och physesch gesond a fit ze haalen.
Mir wëllen Iech weisen dass d’Universum eis eng grouss Bandbreed un Méiglechkeeten bid, wou fir jiddereen eppes dobäi as.
Aktivitéiten:
Mir proposéieren Workshoppen a Schnuppercoursen zum Thema alternativ (Selbst) Heelungsmethoden. Dozou gehéieren ënner anerem:
- Ätherësch a planzlech Ueleger
- Baachbléien
- Wellness fir d’Séil
- Intuitivt Molen
- a villes méi
spirituelle beratung, spiritueller coach, Reading, Medium, mediale readings, aufmerksamkeit, aufmerksamkeitstraining, energetische Heilung, Lahochi, Emmett, Reiki, resilienz, resilienztraining