free bootstrap templates

Attraversiamo

Eng Iddi, ee Wonsch, een Draam. Zesummen d’Magie ze entdecken déi d’Welt eis bereed hält, d’Magie vum Universum, d’Magie an eis selwer.
Zesummen mat Iech de Wee goen eis nei ze fannen, eis Wënsch, eist Potential, eis Aufgab ze erkennen, eis eege Kräften ze entfaalen.
Mat Iech zesummen wëlle mir nees léieren eis eegen Individualitéit ze entdecken, unzehuelen an ze respektéieren..
An enger Zäit wou d’Mënschen entmündecht gin, as et emsou méi wichtech sech sénges Ursprongs bewosst ze gin, séng Wuerzelen ze erkennen, Denkmuster ze entlarven an sech op d’Entdeckungsrees zu sech selwer ze maachen.
A jidderengem vun Iech läit ee grousst Potential vun Kräften Iech selwer mental wéi och physesch gesond a fit ze haalen.
Mir wëllen Iech weisen dass d’Universum eis eng grouss Bandbreed un Méiglechkeeten bid, wou fir jiddereen eppes dobäi as.

Aktivitéiten

Mir proposéieren Workshoppen an Schnuppercoursen zum Thema alternativ (Selbst) Heelungsmethoden. Dozou gehéieren ënner anerem:

- Äetherësch an planzlech Ueleger
- Bachbléien
- Wellness fir d'Séil
- Intuitivt Molen
- an villes méi

Iwwer Eis

Joergang 1970.
Ech si Mamm vun dräi Kanner, e liewensfrouen an naturverbonnene Mënsch dee gären seng Zäit mat léiwe Mënsche verbréngt. Zanter 4 Joer widmen ech meng Fräizäit méi spirituellen an ganzheetlechen Themen... Medialitéit, Numerologie, Bachbléien an Emmett-Technique, déi nees de Mënsch als Ganzt an de Mëttelpunkt stellt. Ech ginn zesummen mam Pascale Oster Coursen am Beräich Schamanismus, wat mir immens Spaass mecht. Doduerch sinn ech inspiréiert ginn Souls in Balance ze grënnen an ech sinn dovunner iwwerzeegt de Leit domat ze hëllefen e Schratt op sech selwer duer ze maachen...

Joergang 1975.
Ech sinn en oppene Mënsch dee gäre vill reest a nei Kulture kenne léiert. Ech si Mamm vun zwee Kanner. Ech si frou mat Déieren an en naturverbonnene Mënsch dem eis Emwëlt um Herz leit. Säit enger ganzer Réi Joren interesséieren ech mech fir allerhand spirituel Themen. Ech beschäftege mech mat Reiki, Lahochi, äthereschen Ueleger an diverse Massagetechniken. Ech fannen dass et de Mënschen u Beréierunge feelt, duerfir hunn ech de Smiling Touch agefouert...

Joergang 1979.
Ech sinn e liewensfrouen, lëschtegen, naturverbonnenen an oppene Mënsch. Reesen, Wanderen, mam Mupp spazeiere goen oder gemittlech zesumme sëtze mat Frënn, gehéieren zu mengen “Auszäiten vum Alldag”. Ech hunn eng ganz Réi Ausbildungen am spirituelle Beräich gemaach an hu mech op Medialitéit spezialiséiert. Eng aner grouss Passioun vu mir ass et fir Tarotkaarten ze leeën an do och meng Intuitioun derbäi ze notzen. Et ass mer wichteg de Leit ze hëllefen, an der Hoffnung hinne vläit e kléngt Stéck weider ze hëllefen op hierem Wee...

Joergang 1968.
Ech sinn e positiven a sozial engagéierte Mënsch. Ech hunn e Päerd mat dem ech gäre vill Zäit verbréngen an ech kann och stonnelaang iwwert dat Thema Päerd schwätzen. An de leschte 7 Joer hunn ech vill Zäit dran investéiert mäin intuitiivt a médialt Wëssen a Kënnen ze entwéckelen. Ech hunn dobäi och meng artistesch Oder entdeckt, déi virun Allem am intuitive Molen an inspiréierte Schwätzen ëmmer méi duerch kënnt. De Schwéierpunkt setzen ech op Energieaarbecht wéi Trance-healing, Reiki, Lahochi, a Kommunikatioun, souwuel mam Mënsch, wéi och mam Déier...

Joergang 1969.
Ech kommen aus Dänemark, a 1990 sinn ech fir d’éischte Kéier op Lëtzebuerg komm. Ech hunn och kurzzäiteg, aus beruffleche Grënn, zu Stockholm, an zu London gewunnt. Säit dem Joer 2000 sinn ech fest hei am Land usässeg. Ech sinn e postiven an oppene Mënsch, hunn awer och e puer Naupen. Mat méngem Humor bréngen ech d’Léit gären zum Laachen. De Léit nozelauschtern a se opzemonteren läit a ménger Natur. Ech engagéiere mech och gären sozial. Säit ménger Teenagerzäit interesséieren ech mech fir Alles wat mat Spiritualitéit ze dinn huet, a beschäftege mech zënter e puer Jore méi intensiv mat Médialitéit, Intuitioun an alternative Methoden déi d’Gesondheet ënnerstëtzen...

Joergang 1972 an de Webmaster vun Attraversiamo. Ech sinn e fantasievollen an humorvolle Mënsch. Ech lauschtere gären no an hunn ëmmer en Ouer fir aner Leit. Ech si Papp vun zwee Bouwen a verbréngen och immens gäre vill Zäit mat hinnen. Ech sinn ëmmer op der Rull a reese gären. Am Léifste verstoppen ech mech hannert mengem Laptop a wann deen net parat ass, da verstoppen ech mech hannert mengem Fotoapparat. Dobäi kommen och ganz flott Fotoen eraus an ech hu vill Spaass dodrun déi ze beaarbechten a stilvoll Biller ze maachen...

Kontakt

Senden

Anschrift

Vorstand

Präsidentin: Tanja Albonetti tanja@attraversiamo.lu
Sekretärin: Claudia Scolastici claudia@attraversiamo.lu
Schatzmeisterin: Myriam Wiot myriam@attraversiamo.lu
Mitglied: Renée Weber renee@attraversiamo.lu
Mitglied: Jérôme Bei jerome@attraversiamo.lu
Mitglied: Anja Voss anja@attraversiamo.lu